Täter op der FluchtArméierten Iwwerfall um Neihaischen

Wéinst engem arméierten Iwwerfall mat Waffen soll een am Raum Senneng keng Persoune mathuelen.

Leschten Update: 04.07.2018, 08:56:41

© Eldoradio

Wéi d'Police matdeelt, gouf et e Mëttwoch de Moie géint 07h00 en arméierten Iwwerfall um Neihaischen. Eng Persoun huet hei e schwaarze Porsche geklaut, méi spéit gouf den Auto op engem Feldwee an der Géigend vun der rue de Senningen fonnt.

De Täter ass 1m90 grouss, 90 Kilo schwéier, war schwaarz ugedoen, hat d'Gesicht verdeckt a huet englesch geschwat. De Mann wier wuel arméiert. Hien ass den Ament op der Flucht, et soll een deemno keen am Raum Senneng mathuelen.

Verdächteg Persounen soll een direkt dem 113 mellen.