Am Zuch fonntBotzpersonal ësst "Space Cakes"

Wärend hirer Aarbecht hat d'Botzpersonal am Zuch Kichelcher fonnt an déi giess. Si woussten dee Moment awer net, datt et sougenannte "Space Cakes" wieren.

Leschten Update: 10.07.2018, 18:58:23

© Pexels

E Méindeg de Mëtteg koum et zu engem Tëschefall op der Stater Gare. 3 Persoune vum Botzpersonal soten, hinne wier net gutt, nodeems si een Zuch gebotzt haten. Eng Fra war souguer zesummegebrach.

Nodeems den Zuch scho weider gefuer war an du méi spéit evakuéiert gouf, konnt de Grond ermëttelt ginn: D'Botzpersonal hat Kichelcher am Zuch fonnt an dës giess.

Hei bäi huet et sech dann ëm sougenannten "Space Cakes" gehandelt. Dat si Kichelcher, an déi een THC mëscht.