No VerlängerungChantier op der Sauertalbrücke ass fäerdeg

Laang hat de Chantier op der Suaertalbrücke fir Stau gesuergt, zanter de Mëttwoch mellt den ACL, dass d'Aarbechte fäerdeg sinn.

Leschten Update: 11.07.2018, 10:04:53

© GoogleMaps

Wéi den ACL matdeelt ass de Chantier op der Sauertalbrücke hannert der Lëtzebuerger Grenz elo fäerdeg.

Op all Säit war jo do eng Spur gespaart. Déi sinn dann elo nees op.

De Chantier, deen zu de Stousszäite fir vill Stau gesuergt huet war jo nach bis den 10. Juli verlängert ginn. U sech sollten d'Aarbechte just bis den 30. Juni daueren.