Nervegëft NowitschokMann befënnt sech net méi a Liewensgefor

D'Koppel gouf net wäit fort vun der Plaz fonnt, wou de Skripal a seng Duerschter vergëft goufen. De Mann ass elo waakreg an ausser Liewensgefor.

Leschten Update: 11.07.2018, 18:52:28

© AFP/Archiv/Chris J Ratcliffe

Nom Dout vun der Fra, déi duerch d'Nervegëft Nowitschok ëm d'Liewe koum, huet et e Mëttwoch vun den zoustännegen Doktere geheescht, datt hire Mann ausser Liewensgefor wier. Hien ass zënter en Dënschdeg nees waakreg a säin Zoustand hätt sech iwwer Nuecht verbessert, sou heescht et weider vun den Dokteren.

D'Koppel koum jo mam nämmlechte Gëft a Kontakt wéi de russeschen Ex-Spioun Skripal a seng Duerschter leschte Mäerz zu Salisbury.

Et muss nach ëmmer gekläert ginn, op d'Koppel vergëft gouf an op déi zwou Doten eppes mateneen ze dinn hunn.