Zeienopruff no FahrerfluchtHond stierft no Accident u Blessuren

An der Stad war an der Nuecht op e Mëttwoch en Hond ugestouss ginn, de Chauffer hat sech duerno duerch d'Bascht gemaach.

Leschten Update: 12.07.2018, 05:14:36

© Eldo

An der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch ass et der Police no um Boulevard Royal, zu engem Accident komm, bei deem en Hond ugestouss gouf.

Den Hond hat dëst net iwwerlieft, de Chauffer huet sech an onbekannte Richtung duerch d'Bascht gemaach.

Zeien, déi Informatiounen zum Accident oder dem Auto maache kënne sollen sech dofir beim 113 mellen.