Uerteel an DäitschlandIerwen hunn Zougang op Facebook-Kont

Ierwe mussen och Zougang op ee Facebook-Kont kréien. Dat ass d'Uerteel vum Bundesgerichtshof zu Karlsruhe.

Leschten Update: 12.07.2018, 18:19:53

© AFP/Archiv/Oli SCARFF

Facebook muss den Eltere vun engem verstuerwene Meedchen als Ierwen Zougang zu deem sengem Facebook-Kont ginn. Dat ass d’Uerteel vum Bundesgerichtshof zu Karlsruhe um Donneschdeg. De Riichter no géif kee Grond bestoen, digital Contenuen anescht ze behandelen wéi Bréiwer oder Tagebicher.

Eng Mamm wollt Zougrëff op de Facebook-Kont vun hirem verstuerwene Meedchen. Dat 15 Joer aalt Meedche war aus nach ongekläerter Ursaach vun engem Zuch iwwerrannt ginn. Si wollt wëssen ob et an de Facebook-Chats Indicen op ee méigleche Suicid ginn.