Een Täter flüchtegIwwerfall op eng Persoun zu Esch

Nom Iwwerfall gouf een Täter méi spéit festgeholl, deen zweeten Ugräifer ass nach ëmmer op der Flucht.

Leschten Update: 12.07.2018, 16:27:31

© Eldoradio

Nodeems e Gaascht an der Nuecht op en Donneschdeg géint 00h30 e Café zu Esch an der rue du Commerce verlooss hat, gouf hie vun 2 Männer iwwerfall. Ee vun hinnen huet d'Affer um Hals gepaakt, deen aneren huet wärend deem e Portmonnie geklaut. Béid Täter sinn doropshi geflücht.

Wéi d'Affer méi spéit vun enger Policepatrull heem bruecht gouf, sinn si op ee vun den Täter getraff. Bei der Kontroll huet den Ugräifer e Pak Suen ënnert de Policeauto geheit.

De Parquet gouf informéiert an de Mann koum haut am Nomëtteg bei den Untersuchungsriichter. Den zweeten Täter ass nach ëmmer flüchteg.