Ouverture 2023 geplangtGesetzesprojet iwwer Südspidol ugeholl

En Donneschdeg gouf de Gesetzesprojet iwwert de Bau vum Südspidol zu Esch vun den Deputéiert ugeholl.

Leschten Update: 13.07.2018, 04:35:02

© Pexels

D'Deputéiert hunn en Donneschdeg am Nomëtteg de Gesetzesprojet iwwert d'Südspidol an der Chamber ugeholl. Deemno gouf de Bau an d'Finanzement accordéiert. D'Aarbechte ginn 2019 lass, d'Ouverture ass da fir 2023 geplangt. De Bau wäert 540 Millioune kaschten.

Weider gouf nach e Gesetzesprojet gutt geheescht, deen d'Melle vu verschiddenen ustiechende Krankheete méi genee reegelt.

Sou wëll ee geziilt géint esou Krankheete virgoen, fir d'Verbreedung ze reduzéieren.