ParäisEiffelturm bleift fir d'WM-Finale zou

Sécherheetsmesuren a Frankräich fir d'WM-Finale e Sonndeg sinn extrem héich. Deemno bleift den Eiffeltuerm de ganze Weekend iwwer zou.

Leschten Update: 12.07.2018, 18:13:43

© AFP/BERTRAND GUAY

Den Eiffeltuerm zu Paräis wäert dëse Sonndeg fir d'WM-Finale zou bleiwen. Sou mellt et d'Noriichtenagence AFP. Et géifen Dausende vu Leit erwaart ginn, fir de Match tëscht Frankräich a Kroatien op engem Public Viewing an der Géigend vum Tuerm ze kucken. Fir d'Sécherheet ze garantéieren hätt d'Police deemno ugefrot, datt den Tuerm deen Dag zou bleift. Och e Samschdeg fir de franséischen Nationalfeierdag ass den Tuerm net accessibel.