Gréiwemaacher6-Järegen no Tëschefall a Schwämm gestuerwen

An der oppener Schwämm zu Gréiwemaacher war e Jong e Freideg am Nomëtteg um Buedem vum Baseng entdeckt ginn. Hien ass elo am Spidol gestuerwen.

Leschten Update: 31.07.2018, 11:56:46

© dpa/AFP/Archiv/Nicolas Armer

Nodeems e Jong vu 6 Joer leschte Freideg an der oppener Schwämm zu Gréiwemaacher reaniméiert huet misste ginn, huet de Parquet en Dënschdeg de Moie matgedeelt, datt de Jong gestuerwen ass. Eng Autopsie soll elo déi genee Doudesursaach klären.


Kuerz no 17.00 Auer hat e Visiteur de Freideg de klenge Jong um Buedem vum Baseng entdeckt. De Schwammmeeschter gouf direkt geruff an huet probéiert de Jong ze reaniméieren. Den Dokter gouf mam Helikopter ageflunn an de Jong an d'Stad an d'Kannerklinik bruecht.

Hei de Communiqué:

Transporté dans un état critique à la Kannerklinik de Luxembourg suite à une noyade dans la piscine en plein air à Grevenmacher le 27 juillet 2018, la jeune victime - un garçon de 6 ans – vient de décéder.

Pour déterminer les causes exactes du décès le parquet de Luxembourg a requis une autopsie.