Brandstëfter gesichtWisen am Norde vum Land a Brand gestach

D'Police sicht no e puer Fäll vu Brandstëftung an Norde vum Land no engem wäiss-groen SUV.

Leschten Update: 03.08.2018, 08:10:03

© Pixabay

Wéi d'Police mellt goufen am Norde vum Land e puer Wisen a Brand gestach. An deem Sënn gouf fir d'éischt no engem wäisse BMW X5 gesicht.

Elo gouf d'Sich allgemeng op e wäiss-groen SUV ausgebreet. All Informatioune si fir den 113.





Wéi den 112 schreift, hu Felder zu Grooljen, Nidderwampech, tëscht Uewerwampech an Déierbech an tëscht Ierpeldeng a Bruechtebaach gebrannt. Dat tëscht 5 a 6 Auer owes.