Mat 32 JoerDen "Zombie-Boy" ass dout

Schonn ë Mëttwoch gouf de Rick Genest, wéi den "Zombie-Boy" gebierteg heescht, dout a senger Wunneng fonnt.

Leschten Update: 05.08.2018, 17:38:11

Den "Zombie-Boy" am Lady Gaga sengem Museksvideo "Born This Way". © Screenshot YouTube

De Rick Genest, bekannt ënnert dem Numm "Zombie-Boy", gouf dout a senger Wunneng fonnt. Wéi d'Police vu Montreal confirméiert, huet den 32 Järegen sech ëmbruecht. Mat sengen honnerten Insekten- a Knachen-Tattooe koum de gebiertege Kanadier zweemol an d'Guiness-Buch. Hien huet a ville Filmer a Museksvideoe matgemaach, wéi och an engem Video vum Lady Gaga. D'Sängerin weist sech immens betraff op hirem Twitter-Account.