Rond-Point GluckAutomobilist (33) stierft bei Accident

Am Rond-Point Gluck ass ee Chauffeur e Samschdeg de Mueren an e Bam gerannt. Hien huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 05.08.2018, 08:10:44

© RTL / Domingos Oliveira

Een déidlecht Accident gouf et e Samschdeg de Muere kuerz viru 03h00 am Rond-Point Gluck an der Stad. 

Een Automobilist, dee vu Bouneweg a Richtung Autobunn ënnerwee war, huet am Rond-Point d’Kontroll verluer a krut frontal ee Bam ze paken.

Fir de Chauffeur, een 33 Joer ale Lëtzebuerger aus dem Süde vum Land, koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Onglécksplaz gestuerwen.