Explosioun zu Bologna1 Doudegen, iwwer 60 Blesséierter

E Méindeg de Mëtteg ass en Tankcamion op enger Autobunn zu Bologna an Italien explodéiert. Vill Leit goufe blesséiert, op d'mannst 1 Persoun ass dout.

Leschten Update: 07.08.2018, 06:16:01

© Vigili del Fuoco/AFP/Handout

Am norditalienesche Bologna ass e Méindeg géint 14h00 op enger Autobunn en Tankcamion explodéiert. Ufanks huet ee vun op d'mannst 3 Doudege geschwat. Am spéiden Owend huet di italienesch Noriichtenagence ANSA eng Persoun confirméiert, déi net iwwerlieft huet. Op d'mannst 60 Persoune goufe blesséiert.





D'Police hat de Virfall op Twitter confirméiert. Op Videoen ass ze gesinn, wéi ee Camion engem aneren hannendrop fiert. Dësen hat brennbar Substanze gelueden, déi duerch den Opprall explodéiert sinn. Duerch brennend Deeler vum Camion haten Autoe ronderëm Feier gefaangen.














© AFP