Material kéint futti goenDurex rifft Kondomer zréck

Durex huet zéngdausende Kondomer aus dem Verkéier gezunn. D'Material riskéiert ze räissen.

Leschten Update: 08.08.2018, 11:48:31

© reuters

Durex rifft zéngdausende Kondomer aus dem Verkéier. Wéi et op der Homepage vun der Firma heescht, géingen si d’Ufuerderungen un d’Belaaschtbarkeet net erfëllen. Durex no besteet awer keen direkte Risk fir d’Sécherheet oder d’Gesondheet vun de Konsumenten. Wann ee Kondom awer sollt futti fueren oder ondicht géing ginn, sollten di Betraffen bannent 72 Stonnen bei den Dokter oder Apdikter goen, heescht et weider.

Konkret geet et em bestëmmte Chargen vun den Zorten Durex Natural Feeling, Natural Feeling Easy Glide, an Love Collection. Um Site fënnt een och d’Nummeren vun de betraffene Produiten.

Et kann een d’Kondomer am Geschäft zréck ginn oder un d’Firma schécken. De Kafpräis kritt een da rembourséiert.

Weider Infos fannt der hei: LINK: https://www.durex.de