Fir méi ZuschauerOscar-Show gëtt méi kuerz

Ëmmer manner Leit kucken sech d`Oscaren un. Dëst soll sech lo änneren! D`Oscar-Show gëtt "reforméiert".

Leschten Update: 09.08.2018, 09:35:44

© ANGELA WEISS / AFP

D’US-Film-Akademie wëll, datt nees méi Leit d’Oscare kucken. 1998 hunn nach 55,2 Millioune Leit d'Oscar-Show mat suivéiert wéi de Film Titanic e puer mol ausgezeechent gouf. Dëst Joer souze "just" nach 26,5 Millioune Leit virun der Televisioun. Elo soll d'Gala an 3 zentral Punkte reforméiert ginn, fir den Interessi vun den Zuschauer erëm ze gewannen. 

D'Oscar-Show soll vun 2020 u méi kuerz ginn. Bis ewell waren et ronn 4 Stonnen, elo soll dat op 3 Stonne gekierzt ginn. Ënner anerem solle grouss Riede wärend der Paus lafen.

Da soll nach ee Präis dobäi kommen. Nämlech den Oscar fir besonnesch beléifte Filmer bei den Zuschauer. Domat wëll ee méi op den Zuschauer zougoen. Mat dëser neier Kategorie ginn an Zukunft 25 Oscars pro Joer verdeelt.

Soss war d'Präisverdeelung ëmmer Enn Februar, Ufank Mäerz. An Zukunft sollen d'Oscars Ufank Februar verdeelt ginn.