Gréisser DrogekontrollKokain, Marihuana an Drogenutensilie séchergestallt

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf eng gréisser ugeluechten Drogekontroll duerchgefouert, dat op der Stater Gare.

Leschten Update: 09.08.2018, 15:58:30

© Police

Op der Stater Gare gouf an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg eng gréisser Drogekontroll vun der Police an dem Stater Parquet duerchgefouert. Am Laf vun der Nuecht gouf eng Partie verdächteg Leit kontrolléiert, déi fir weider Ënnersichunge mat op de Policebüro koumen. Ee presuméierten Drogendealer gouf festgeholl a muss sech elo virum Untersuchungsriichter veräntwerten. Géint zwou aner Persoune gouf eng Plainte wéinst Be¨setz vu Marihuana gemaach. Ënnert anerem goufen am Ganzen 21 Kugele Kokain, Marihuana an Drogenutensilien séchergestallt. D'Ermëttlunge lafe weider.
© Police

© Police