Fouer 2018Comeback vun ale Spiller & neie Restaurant

Et ass net méi laang bis d'Fouer, ma genee zwou Woche virdrun sinn elo nach weider Detailer erauskomm.

Leschten Update: 09.08.2018, 17:11:04

© Eldoradio Archiv

Et sinn nach zwou Woche bis di traditionell Fouer den 23. August start, an deem Sënn huet d'Schueberfouer-Fanpage op Facebook elo nach weider Informatiounen erausginn. Ënnert anerem ginn et 5 nei Attraktiounen, wéi zum Beispill den Infinity an den Break Dance, an et kënnt och e neie Restaurant op d'Fouer. Verschidde Spiller wéi de Spinning Racer an d'Geeschterbunn Thriller feieren dës Editioun e Comeback. D'Bayern Kurve ass och nees um Glacis ze fannen.

© Eldoradio Archiv




© Eldoradio Archiv