RyanairPilote streike 24 Stonne laang, Lëtzebuerg net betraff

Bei Ryanair streiken um Freideg d'Piloten. Gestreikt gëtt fir besser Aarbechtskonditiounen a méi Suen an der Paie. Lëtzebuerg ass net betraff.

Leschten Update: 10.08.2018, 06:58:29

© dpa/AFP/Archiv/Thomas Frey

Bei Ryanair huet e Freideg de Mueren um 03h00 de Streik vun de Piloten ugefaangen. Dëse soll 24 Stonne laang daueren. Betraff sinn e puer europäesch Länner: Däitschland, Holland, Irland, d’Belsch a Schweden. A ganz Europa wäerten honnerte Flich ausfalen.

Wéi LuxAirport géintiwwer Eldoradio sot, hätt ee bis ewell keng Informatioun iwwert ee Streik um Findel. D'Ryanair-Fligeren déi vum Findel fort fléien a lande sollen, dierften dat also wéi geplangt maachen.

D’Pilote vu Ryanair fuerdere besser Aarbechtskonditiounen a méi Salaire.