Kanada4 Persoune bei Schéisserei ëm d'Liewe komm

E Freideg de Moie Lokalzäit koum et a Kanada zu enger Schéisserei. Ee Verdächtegen gouf festgeholl, hie gouf duerch Schëss getraff a schwéier blesséiert.

Leschten Update: 10.08.2018, 17:53:48

© AFP Archiv

An der Stad Fredericton am Oste vu Kanada koum et e Freideg de Mëtteg eiser Zäit zu enger Schéisserei. Wéi d'Police op Twitter confirméiert, gouf ee Verdächtege festgeholl. Hie géif de Moment wéinst senge schwéiere Blessure behandelt ginn.

4 Persounen, dorënner 2 Polizisten, hunn den Tëschefall net iwwerlieft. Wat genee geschitt ass, gouf nach net kommunizéiert.

Ufanks hat d'Police op Twitter geschriwwen, datt Awunner aus der Géigend an hiren Haiser solle bleiwen.