Reisduerf/FielsProblemer mam Drénkwaasser

Et soll een zu Reisduerf wéi och an der Fiels aktuell kee Krunnewaasser drénken. Iernzen a Meesebuerg sinn net concernéiert.

Leschten Update: 12.08.2018, 11:49:21

© Martin BERNETTI / AFP

Wéi et an engem Schreiwes vun der Gemeng e Freideg am Nomëtteg heescht, soll een aktuell an der Fiels kee Krunnewaasser drénken. Di lescht Analysen hätte gewisen, datt eng gutt Qualitéit vum Waasser de Moment net garantéiert ka ginn. Den nämmlechte Problem gëtt et zu Reisduerf.

Wéi gewinnt, dierf een an esou Fäll d'Krunnewaasser just drénken, wann et 10 Minutte virdrun ofgekacht gouf an et soll ee weder Zaloten, nach Geméis oder soss Uebst domadder wäschen.

Iernzen a Meesebuerg sinn net concernéiert, grad wéi d'rue Scheerbach, d'rue du Moulin an d'rue d'Ernzen.