Jan UllrichWéinst Kierperverletzung festgeholl

Den Tour de France-Gewënner Jan Ullrich gouf e Freideg de Moien an engem Frankfurter Hotel festgeholl. Him gëtt schwéier Kierperverletzung virgeheit.

Leschten Update: 10.08.2018, 17:41:43

© SID/FABRICE COFFRINI

Dem fréiere Vëlosprofi Jan Ullrich gëtt virgeheit, eng Fra gewiergt ze hunn. Wéi d'Police däitsche Medie géintiwwer confirméiert huet, gouf den Tour de France-Gewënner vun 1997 haut am fréie Freideg de Moien an engem Hotel festgeholl.

De 44-Järege soll d'Fra kierperlech attackéiert an dobäi blesséiert hunn. Si huet misste medezinesch versuergt ginn. D'Fra soll iwwerdeems bei engem Escort-Service schaffen.

De Moment vu senger Festnam hätt den Ullrich ënner Alkohol- an Drogenafloss gestanen.