UerteelMonsanto muss Kriibs-Affer 250 Mio € bezuelen

Ee Geriicht huet den Agrarkonzern Monsanto zu 250 Milliounen Euro Schuedenersatz veruerteelt, well säin Onkrautmëttel soll Kriibs ausgeléist hunn.

Leschten Update: 12.08.2018, 07:20:07

© afp

Den Agrarkonzern Monsanto ass eng éischte Kéier an engem Prozess ronderëm méiglech Kriibsrisiken vu Glyphosat zu héijem Schuedenersatz veruerteelt ginn. Ee Geriicht zu San Francisco huet decidéiert, dass d’Firma engem Kriibs-Affer muss 250 Milliounen Euro bezuelen. Monsanto hätt net genuch virun de Risiken vu sengem Planzegëft gewarnt. Monsanto wëllt géint d’Uerteel an Appell goen.