Terrorattack net ausgeschlossAutomobilist rennt zu London a Sécherheetsofspärung

En Dënschdeg de Mueren ass et zum Tëschefall komm, d'Police geet elo vun enger Terrorattack aus. D'Anti-Terror-Unitéit ermëttelt.

Leschten Update: 15.08.2018, 11:41:52

© AFP/Archives/NIKLAS HALLE'N

Zu London geet d'Police den Ament vun enger Terrorattack aus. Virum Parlament ass en Dënschdeg de Mueren ee Mann mat sengem Auto an eng Sécherheetsofspärung gefuer. Dobäi goufen der Police no 3 Persoune blesséiert. Et géif awer kee vun de Blesséierten a Liewensgefor schwiewen, sou d'Police weider op Twitter.

De 29-järege Chauffer aus dem Sudan gouf nach op der Plaz festgeholl.

D'Anti-Terror-Unitéit vu Scotland Yard huet d'Ermëttlungen iwwerholl an enquêtéiert an d'Richtung vun engem méiglechen Terrorugrëff.

Am Mäerz 2017 koum et zu enger ähnlecher Attack. E presuméierten islamisteschen Attentäter war mat engem Auto op der Westminsterbréck a Foussgänger gerannt an hat méi spéit ee Polizist virum Parlament mat engem Messer erstach. 6 Mënsche koumen ëm d'Liewen, eng ganz Partie goufe blesséiert.