Garer QuartierPolice pëtzt Drogendealer mat 861 Gramm Heroin

Eng Policepatrull gouf leschte Sonndeg duerch en Zeien op en Drogendealer opmierksam. Dëse konnt mi spéit gepëtzt ginn.

Leschten Update: 14.08.2018, 10:43:39

© Police

An der rue du Fort Wedell op der Stater Gare gouf leschte Sonndeg en Drogendealer gepëtzt, dee ganzer 861 Gramm Heroin bei sech hat. Der Police gouf am fréie Sonnden den Owend vun engem Zeien eng verdächteg Persoun gemellt, déi Droge verkaf hat. Méi spéit gouf den Auto vum Dealer fonnt, an deem di 861 Gramm Heroin, Boergeld a verschidden Handye séchergestallt goufen.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Méindeg de Muere virun den Untersuchungsriichter.

D'Drogen, den Auto, d'Suen an d'Handye goufen natierlech saiséiert.

© Police