Ausnamezoustand fir ee JoerOp d'mannst 43 Doudeger no Ongléck zu Genua

Zu Genua am Nordweste vun Italien ass en Dënschdeg am fréie Mëtteg eng Autobunnsbréck an e Koup gefall. D'Regierung huet d'Afferzuel op 43 korrigéiert.

Leschten Update: 20.08.2018, 10:16:48

© Piero CRUCIATTI / AFP

Den italieneschen Inneminister huet e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz 43 Doudesaffer confirméiert. Et géifen nach ëmmer vill Mënsche vermësst ginn, op d'mannst 16 Blesséierter konnten iwwerdeems gerett ginn. Nom Ongléck ass d'Sich no Iwwerliewenden an der Nuecht op e Mëttwoch ouni Paus weider gaangen. Nom Ongléck hat den italienesche Premier fir Genua den Ausnamezoustand fir 12 Méint deklaréiert.

Engem Facebook-Post vum italieneschen Transportminister Danilo Toninelli no géif een d'Societéit Autostrade per l'Italia responsabel maachen, di sech ëm den Entretien vun der Bréck këmmert. Hien huet e Mëttwoch de Moie geschriwwen, datt déi, déi am Feeler wieren, och bestrooft misste ginn. D'Societéit huet sech awer verdeedegt a gesot, dass een de legale Kader agehalen an den néidegen Entretien gemaach hätt.

Den italienesche Regierungschef Guiseppe Monte huet annoncéiert, datt elo all Infrastruktur kontrolléiert géif ginn. Déi italienesch Regierung huet iwwerdeems eng Staatstrauer ugekënnegt an en Noutstand vun engem Joer fir Genua ausgeruff.





Am fréien Dënschdeg de Mëtteg war zu Genua an Italien eng Autobunnsbréck an ee Koup gefall. Den italieneschen Transportminister hat direkt nom Ongléck vun enger immenser Tragedie geschwat.




Wéi op de sëlleche Videoen ze gesinn ass, ass e ganzen Deel vun der Bréck zesummegefall an d'Autoe mat. Direkt e puer Camionen wieren iwwerdeems an de Floss iwwer deen d'Bréck geet, gefall. Do wou d'Bréck zesummegefall ass, war se iwwerdeems eng 40 Meter iwwer dem Buedem. Et war e Stéck vu ronn 80 Meter, dat an de Koup gefall ass.






Zum Zäitpunkt vum Ongléck soll e grousst Onwieder iwwer de Beräich ewechgezu sinn. Ob dat elo de Grond war, ass nach net gewosst. Wéi op de Filmer ze gesinn ass, ass d'Bréck an zwou Phasen zesummegebrach. Nodeems d'Fuerbunn an d'Déift gefall ass, ass och nach ee vun den 3 Feileren an de Koup gefall.