Op der PafemillenNorovirus an enger Vakanzekolonie confirméiert

Nodeems et 41 Kanner a 16 Erwuessenen de 7. August op enger Kolonie op der Pafemillen schlecht gi war, gouf elo den Norovirus confirméiert.

Leschten Update: 14.08.2018, 17:37:16

© Pixnio

Wéi et vum Gesondheetsministère heescht géif et de Betraffenen de Moment alleguer gutt goen. Si wiere medezinesch betreit ginn an d'Sanitärinspektioun hätt déi néideg Prouwe geholl.

Den Norovirus gëtt nëmme vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroen an en ass staark ustiechend.

Fir Mënsche mat gudder Gesondheet ass en awer weider net geféierlech, och wann d'Symptomer relativ staark kënne sinn.