Fëmmverbuet op den TerrassenDemande fir eng Géige-Petitioun agereecht

D'Petitiounskommissioun vun der Chamber iwwerpréift d'Recevabiliteit vun enger Petitioun géingt e Fëmmverbuet op den Terrassen.

Leschten Update: 07.09.2018, 15:40:12

© AFP

En Donneschdeg huet d'Petitioun ''Keen Damp op mäin Teller'', déi sech fir en Fëmmverbuet op den Terrasse vun de Restauranten asetzt, déi néideg 4'500 Ënnerschrëfte kritt fir ëffentlech an der Chamber diskutéiert mussen ze ginn.

Ma wei d'Chamber um Freideg matgedeelt huet, wäert d'Petitiounskommissioun den 12. September d'Demande fir d'Areechung vun enger Petitioun mam Titel ''Géint d’Diskriminatioun vun de Fëmmerten absëns géint e Verbuet fir op Terrassen ze fëmmen'', iwwerpréiwen.

Éier et zu der Aféierung vun engem Fëmmverbuet op den Terrasse kënnt, dierft also nach eng gréisser ëffentlech Diskussioun ustoen.