Iwwerdosis mat 26De Mac Miller ass dout

Den amerikanesche Rapper Mac Miller ass am Alter vun 26 Joer gestuerwen.

Leschten Update: 08.09.2018, 11:40:08

© afp

De Mac Miller ass dout, De Rapper gouf dëse Freideg am Alter vu 26 Joer a sengem Haus zu L.A. dout opfonnt. Wéi amerikanesch Medien mellen, ass hien wuel un enger Iwwerdosis gestuerwen.

De Rapper hat scho méi laang Problemer mat Drogen. Réischt am Mee war hien ënner Drogenafloss an een Autosaccident verwéckelt. De Rapper hat a senge Lidder an Interviewen seng Suchtproblemer ugeschwat. 

Am August hat hien säin jéngsten Album „Swimming“ eraus bruecht. Nach en Donneschdeg hat hien op Twitter geschriwwen, dass hien sech op seng Tour géing freeën, déi Enn Oktober sollt zu San Francisco ufänken.




Vill  bekannt Museker, dorënner Shawn Mendes, Snoop Dogg, a Macklemore, hunn an de sozialen Netzwierker hir Trauer ausgedréckt, grad wéi och "Den Atelier", wou de Mac Miller scho live opgetrueden ass.