NewsÉischt autonom Navette zu Lëtzebuerg fiert zu Contern

Am Kader vun engem Pilotprojet fir autonom Navetten ass d'Gemeng Contern ausgewielt ginn déi an enger Industriezon fueren ze loossen.

Leschten Update: 13.09.2018, 15:12:34

© ADMINISTRATION COMMUNALE DE CONTERN

Den nächste Mëttwoch ass et esou wäit, da fiert zu Lëtzebuerg déi éischten autonom Navette. Méi genee wäert dëst zu Contern an enger Industriezon sinn, dat a Kooperatioun mat de Gemenge Lyon, Kopenhagen a Genf.

Deemno ass d'Gemeng fir dësen europäesche Pilotprojet fir d'Aféierung vun autonomen Navetten ausgewielt ginn.

Méi Detailer ginn et dann den 19. September.