NewsBis den 19. September kann een d'Bréifwal ufroen

Bis den 19. September kann een d'Bréifwal bei de Chamberwalen ufroen. Spéitstens den 11. Oktober muss de Walziedel an der Boîte sinn.

Leschten Update: 14.09.2018, 16:35:32

© afp archiv

Wee bei de Chamberwalen per Bréifwal wielt, muss säi Walziedel spéitstens Donneschdes den 11. Oktober an d’Boîte geheien, fir dass e mat Zäit fir de Walsonndeg ukënnt. Dat äntwert de Staatsminister Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro. Well d’Walziedelen an enger gieler Enveloppe sinn, ginn si an der Post méi séier erkannt a kommen sou mat Zäit un. 

Fir den Delai vun de Walziedelen fir d'Bréifwal op e strikte Minimum ze limitéieren, huet de Staatsministère decidéiert, d'Enveloppen an enger gutt siichtbarer Faarf ze wielen. Esou sollen déi bei der Post méi einfach kënnen zortéiert ginn. Well den Triage an d'Verdeelung esou méi séier ka gemaach ginn, sollen déi da mat Zäiten ukommen.

Nach bis dëse Mëttwoch kann een d'Bréifwal a senger respektiver Gemeng ufroen.