NewsAccident an der Entrée vum Lycée Hubert Clément

Déi jonke Fra hat eng kleng Fuerstonn kritt, d'Kontroll verluer an ass eréischt op den Trape vum Lycée Hubert Clément un d'Hale komm.

Leschten Update: 14.09.2018, 16:27:24

© Police

Kuerz no 3.00 Auer an der Nuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg gouf der Police en Accident zu Esch gemellt. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen hu si och schonn d'Fuererin, hire Bäifuerer an e Won gesinn, deen op der Trap fir eran an de Lycée Hubert Clément stoung.

Déi jonk Fra huet du gesot, si hätt eng Fuerstonn kritt. No e puer Meter hätt si d'Kontroll iwwer de Won verluer, wier iwwer d'Kräizung erop op den Trottoir gefuer an eréischt am Entréesberäich vum Lycée un d'Stoe komm.

Well de Bäifuerer, deem den Auto gehéiert ze vill gedronk hat an d'Fra fuere gelooss hat, huet hie säi Führerschäi missten ofginn. Den Auto gouf confisquéiert.