NewsAll Land soll Summer- oder Wanterzäit wielen

All EU-Memberland wäert vun Abrëll 2019 u selwer entscheeden dierfen, ob et d'Summer- oder d'Wanterzäit wëllt halen, wann de Projet guttgeheescht gëtt.

Leschten Update: 15.09.2018, 10:33:26

© Pixabay

De Freideg de Muere sot dëst de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker virun den Europadeputéierte. D'Decisioun muss awer elo nach vum Parlament ugeholl ginn.

An der Theorie ass et domat méiglech, dass 2 Länner, déi direkt nieftenee leien, 1 Stonn Ënnerscheed hunn. Ma et géif een sech zouversiichtlech weisen, dass déi verschidde Staaten hire Choix géife koordinéieren.