"Merde alors"Asselborn a Salvini kréien sech an d'Hoer

Um EU-Afrika-Treffen haten sech béid Minister beim Thema Awanderung uerdentlech d'Meenung gesot.

Leschten Update: 15.09.2018, 10:35:51

© BARBARA GINDL / APA / AFP

An engem Video op Facebook gesäit een den italieneschen Inneminister, wéi deen op der Ministerkonferenz zu Wien d'Iddi vum Lëtzebuerger Ausseminister, dass Europa Immigratioun bräich, esou guer net gutt fënnt.

Och wann een zu Lëtzebuerg eng nei Immigratioun bräicht, esou géif hien et virzéien Italien den Italiener ze loossen an erëm unzefänke Kanner ze maachen, esou den Italiener no engem Tëscheruff vum Lëtzebuerger Ausseminister.

Deen huet dorops hin geäntwert, dass een zu Lëtzebuerg dausenden Italiener gehat hätt. Déi wieren als Migrante komm an déi hätten zu Lëtzebuerg geschafft, fir dass déi an Italien Sue fir hir Kanner gehat hunn. Domat war et awer nach net gedoen, fir de Jean Asselborn.

Fir seng Roserei ze ënnersträichen huet hien de Saz mat „merde alors“ opgehalen.

Lauschtert vun 4:30 un: