NewsFraen zu Veianen aus penibeler Situatioun gerett

Déi 2 Fraen hate wuel ze déif an d'Glas gekuckt a sinn dunn net méi selwer vum Hang nieft der Staumauer erofkomm.

Leschten Update: 08.10.2018, 14:13:00

© GoogleMaps

De Sonndeg den Owend kuerz virun 20.00 Auer haten d'Rettungsdéngschter zwou Frae beim Stauséi zu Veianen aus enger mësslecher Situatioun misste retten.

D'Frae souzen nämlech an engem Hang bei der Staumauer fest. Mat engem Boot vun de Rettungstaucher hate si misste gerett ginn.

Béid Fraen haten och een iwwer den Duuscht gedronk.