NewsFuerufänger fiert mat 200 km/h duerch Tunnel "Grouft"

De Chauffer hat de Führerschäin nach net laang, war awer däitlech ze séier ënnerwee. Blöd, dass hien eng Policepatrull hannert sech hat.

Leschten Update: 09.10.2018, 13:28:45

© Pixabay

Um Echangeur vun der A1 op d'A7 gouf an der Nuecht vun de Méindeg op en Dënschdeg eng Policepatrull vun engem Chauffer an der Lénkskéier iwwerholl, dee sichtlech ze séier ënnerwee war.

De Chauffer ass weider a Richtung Tunnel „Stafelter“ gefuer an huet do weider op de Gas gedréckt. Schonn do war e mat 189 Stonnekilometer ënnerwee. Am Tunnel „Grouft“ gouf de Chauffer esouguer mat 200 Stonnekilometer gemooss. Eréischt do konnt de Policewon de Chauffer erëmkréien.

Deen huet dorops hin staark ofgebremst an ass op der lénker Spuer stoe bliwwen. Wéi sech sollt erausstellen, war de Chauffer e Fuerufänger. E provisorescht Fuerverbuet war d'Konsequenz.