NewsKënnt Ikea op Lëtzebuerg?

Ikea wëll an den nächste Joren nei Geschäfter opmaachen, och hei bei eis. Et soll sech awer wuel ëm ee Webshop handelen.

Leschten Update: 12.10.2018, 05:04:04

© PASCAL GUYOT / AFP

Bis 2025 wëll déi schwedesch Entreprise Ikea 19 nei Geschäfter opmaachen. Ënnert anerem an der Ukrain, op de Philippinnen, Macau,  Puerto Rico an och hei zu Lëtzebuerg. Dat huet Inter Ikea e Mëttwoch an engem Communiqué matgedeelt. Et soll sech deemno ëm eng Aart Online-Shop handelen. Weider Detailer respektiv ee konkreten Datum ginn et nach net.