NewsSécherheetslacune bei WhatsApp

Whats App Notzer sollten d'App updaten. Eng Sécherheetslück kéint dofir suergen, dass se mat engem Video-Call d'Kontroll iwwert hire Smartphone verléieren.

Leschten Update: 11.10.2018, 07:29:25

© YASUYOSHI CHIBA / AFP

WhatsApp informéiert iwwer eng gréisser Sécherheetslacune. Ugräifer kéinte mat nëmmen engem Video-Uruff ee Code-Feeler vum Messenger notzen. D'Sécherheetslacune ass engem Team vu Sécherheetsfuerscher vu Google Projet Zero opgefall.

Ee Feeler an der Späicherverwaltung vun der Video-Funktioun léisst deemno zou, dass een eegene Code gestart ka ginn an d'Ugräifer sou d'Kontroll iwwert de Smartphone kënne kréien.

Wéi et vu WhatsApp heescht, gouf de Problem antëscht behuewen. Et ass den Opruff sech déi neiste Versioun erofzelueden. Een iOS-Update gëtt et zënter enger Woch. Android-Notzer kënnen d'Sécherheetslacune well zënter Enn September zoumaachen.