NewsDeadline fir d'Bréifwal leeft haut of

Hutt dir äre Bréif fir d'Walen de Sonndeg schonn agehäit? Wann net, dann ass dat nach bis den Owend virum leschten Tour vum Bréifdréier méiglech.

Leschten Update: 11.10.2018, 12:31:22

© Eldo

Wie seng Bréifwal nach net fortgeschéckt huet, dee sollt dëst spéitst haut nach maachen. Deemno ass garantéiert, dass all Bréif, deen haut agehäit ginn ass, ier d'Boîtten déi leschte Kéier eidel gemaach ginn, och nach mat Zäiten de Sonndeg wäert ukommen.

Wien dëst awer sollt verpassen, kann de Bréif awer nach de Sonndeg selwer am Haaptwalbüro vu senger Gemeng ofginn. Dat sollt awer d'Ausnam bleiwen.