NewsSojus-Crew muss no Maschinne-Problem noutlanden

Wéi et vu verschiddene russeschen Agencen heescht gouf et den Donneschdeg beim Start vun enger Sojusrakéit e Maschinne-Problem.

Leschten Update: 11.10.2018, 12:04:03

© Kirill KUDRYAVTSEV / AFP

D'Rakéit sollt en Amerikaneschen Astronaut an a russesche Kosmonaut op déi international Raumstatioun ISS bréngen. Kuerz nom Start wier dunn eng Maschinn vun der Rakéit ausgefall.

Déi 2 Crew-Membere wieren du mat der Sojus-Kapsel am Kasachstan noutgelant.

Wéi et heescht wiere si net blesséiert ginn, si goufen an der Tëschenzäit vun de Rettungsequippen erreecht.