NewsDe Lëtzebuerger ass 33,2 Joer um Aarbechtsmarché

An der Moyenne ass e Lëtzebuerger, deen 2017 15 Joer al war fir 33,2 Joer um Aarbechtsmarché aktiv.

Leschten Update: 11.10.2018, 14:24:52

© Pexels

Eng Persoun, déi zu Lëtzebuerg 2017 15 Joer al war, wäert während hirem Liewen am Duerchschnëtt 33,2 Joer am Aarbechtsmarché aktiv sinn. Dëst geet aus enger Etüd vun Eurostat ervir.

Am Duerchschnëtt sinn et an der EU 36 Joer. Dat ass domat ronn 3 Joer méi lang, wéi nach am Joer 2000.

32 sinn et der iwwerdeems an Italien, 42 a Schweden.