News70 Fäll vu Schwéngspescht am Bësch bei Étalle

Direkt hannert der Lëtzebuerger Grenz goufe bis ewell scho 70 Fäll vun der ustiechender afrikanescher Schwéngspescht nogewisen.

Leschten Update: 11.10.2018, 14:57:31

© Tobias Schwarz / AFP

Am Bësch ronderëm Étalle direkt hei vir an der Belsch goufen an der Tëschenzäit schonn op d'mannst 70 Wëllschwäi fonnt, déi mat der afrikanescher Schwéngspescht infizéiert waren. Dëst geet aus der Äntwert vun den Ëmwelt- a Landwirtschaftsministeren Etgen an Dieschbourg ervir.

Dofir hätt een och schonn eng ganz Rëtsch Reunioune mat den Acteuren, dorënner och de Landwirten, de Jeeër an den Administratiounen zu Lëtzebuerg gehat.

2 Pläng wieren iwwerdeems ausgeschafft ginn. Dat wier eemol e „Plan de vigilance“, fir d'Wëllschwäin ze iwwerwaachen an eemol en Noutplang wann d'Pescht an engem Betrib zu Lëtzebuerg géif optauchen.