NewsAccident no Fahrerflucht mat 120 km/h zu Lénger

An der Nuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg hat en Automobilist sech wollte mat iwwer 120 km/h bannent der Uertschaft duerch d'Bascht maachen.

Leschten Update: 11.10.2018, 16:12:19

© Police

Bei enger Vitesskontroll an der Péitenger Strooss zu Nidderkuer huet d'Police an der Nuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg e Chauffer bannent der Uertschaft e Chauffer mat 83 Stonnekilometer erwëscht.

Obwuel hien ugewise ginn ass stoen ze bleiwen, huet de Chauffer weider Gas ginn an ass einfach laanscht d'Beamte gefuer. Déi sinn him nogefuer, ma de Chauffer huet keng Ustalte gemaach, fir ofzebremsen, deelweis war hie mat iwwer 120 Stonnekilometer am Duerf ënnerwee.

© Police



Zu Lénger huet de Chauffer dunn d'Kontroll iwwer säi Won verluer an ass op enger Kräizung iwwer eng Insel gefuer an dunn an eng Mauer an an e Stroumverdeeler gerannt.

Obwuel d'Beamten dem Chauffer wollten hëllefen, war deen nawell relativ aggressiv. Hien huet missten immobiliséiert ginn, war weider awer net blesséiert. Ma de Mann hat ze déif an d'Glas gekuckt.