NewsFra wëll zerschreddert Banksy-Bild halen

"Ech war geschockt" - esou d'Fra déi zu London ee Banksy-Bild fir 1,2 Mio € ersteet huet, dat duerno duerch de Schredder gelaf ass. Si wëll awer bezuelen.

Leschten Update: 12.10.2018, 08:13:01

© AFP/File/ADRIAN DENNIS

Déi Fra déi d’lescht Woch zu London d'Bild "Girl with a balloon" vum Street-Art Kënschtler Banksy ersteet huet, wëll d‘Bild halen an dat obwuel dëst Bild Sekonnen nodeems den Hummer gefall ass, duerch ee Schredder gelaf ass. Si géing de Präis bezuelen dee bei der Auktioun erauskomm ass, also ëmgerechent ronn 1,2 Milliounen Euro. Dat mellt d’Auktiounshaus Sotheby. D’Keeferin wier fir d’éischt schockéiert gewiescht, hätt dunn awer festgestallt dat si hiert eegent Stéck Konschtgeschicht kritt hätt, esou heescht et.