NewsArchive vun der Chamber ginn digitaliséiert

Déi historesch Archive vun der Chamber wäerte komplett digitaliséiert an duerno online gesat ginn.

Leschten Update: 12.10.2018, 12:33:59

© Pixabay

Wéi et heescht géifen d'Dokumenter d'Zäitspan vun 1841 bis 1940 ëmfaassen. Et handelt sech dobäi ëm 3'000 Dossieren, déi ongeféier 27 Meter Dokumenter enthalen. Dorënner si Gesetzprojeten, Matschrëfte vu Seancen, Petitiounen an nach Korrespondenze vun der Chamber.

De Moment ginn d'Dossieren am Nationalarchiv konservéiert. Am Laf vum Joer 2020 wäerten se dann um Site vum Nationalarchiv accessibel sinn.

Déi Dossieren no 1945 sinn elo schonn um Site vun der Chamber ze fannen.