News4 Fuerverbueter no Alkoholkontrollen de Freideg

4 Leit hunn de Freideg an der Nuecht an um Mueren hire Führerschäin bei Kontrollen uechter d'Land missten ofginn.

Leschten Update: 12.10.2018, 13:58:13

© Police

Deemno war eng Fra zu Mëlleref wéinst enger defekter Luucht an hirer Fuerweis opgefall. Bei der Kontroll sollt sech dunn erausstellen, dass si ze vill gedronk hat.

Dat selwecht kuerz drop bei engem Mann an der Stad. Hie war opgefall, well en de falsche Wee an e „Sens-Interdit“ eragefuer war.

Ze déif an d'Glas gekuckt hat och e Chauffer zu Stroossen. Hie gouf kontrolléiert, nodeems en an der Areler Strooss op Héicht vun der Autobunnsopfaart engem Policewon d'Virfaart geholl hat.

An um Wandhaff gouf de Mueren dunn nach e Chauffer entdeckt, dee bei lafendem Motor am Auto geschlof huet. Och hien hat ze déif an d'Glas gekuckt.