
© Pixabay
Géint Mëtternuecht krut d'Police den Donneschdeg gemellt, dass an der Stad an der Rue Pierre Krier en Onbekannten d'Pneue vun e puer geparkten Autoe mat engem spatze Géigestand géif futti picken.
Obwuel eng Policepatrull sech direkt op de Wee gemaach huet, hat den Onbekannte sech schonn duerch d'Bascht gemaach. Éischten Informatiounen no gouf am ganze bei 9 Ween all Kéiers ee Pneu zerpickt.
D'Enquête leeft.