NewsVollert menacéiert Polizist zu Konz mat Aaxt

Zu Konz haten Zeien en Donneschdeg den Owend d'Police geruff, well an engem Rondpoint am Duerf e Mann louch ze schlofen.

Leschten Update: 12.10.2018, 18:49:37

© dpa/AFP/Archiv/Silas Stein

Dat mellt den däitschen Volksfreund. Wéi d'Police bis op der d'Plaz war, gouf de 49-Järege scho vum Rettungsdéngscht behandelt. Et hat sech erausgestallt, datt hien esou voll war, datt e sech an de Rondpoint geluecht hat, fir ze schlofen. Op eemol hat de Mann eng Aaxt am Grapp an huet ee Polizist domat menacéiert. Wéi et vun der Police heescht, hat hien dës a sengem Rucksak mat dobäi.

D'Beamte konnten de Mann iwwerwältegen, deemno ass kengem eppes geschitt.

De Mann gouf an d'Psychiatrie ageliwwert.