NewsSécherheetsübung e Samschdeg tëscht Waasserbëlleg an Igel

Nieft den CFL sinn d'Deutsche Bahn, d'Rettungsdéngschter vu Gréiwemaacher-Mäertert an déi däitsch Pompjeeën vun Igel a Langsur un der Übung bedeelegt.

Leschten Update: 12.10.2018, 17:00:30

© Eldoradio Archiv

Wéi an engem Schreiwes vun den CFL heescht, gëtt e Samschdeg vun 15.00 Auer un eng Sécherheetsübung op der Grenz tëscht Waasserbëlleg an dem däitschen Igel duerchgefouert. 

Folgend Übung gëtt simuléiert: Wann den Zuch aus der Gare zu Waasserbëlleg erausfiert, gëtt Uewerleitung mat ewech gerappt. Nodeems eng Vollbremsung gemaach gëtt, mécht ee Fuergaascht d'Dier vum Zuch op, spréngt op d'Gleiser a bleift do leien. Mat Hëllef vun esou Übungen soll d'Sécherheet am Zuchverkéier garantéiert ginn.

Dës Übung wäert Repercussiounen op de Verkéier hunn, d'Automobiliste sollen dës Plaz deementspriechend evitéieren.