NewsIwwer 500'000 Demonstrante géint Brexit zu London

A 5 Méint ass Groussbritannien net méi an der EU. Fir dat ze verhënneren hunn sech haut iwwer 500'000 Mënsche gesammelt fir dogéint ze demonstréieren.

Leschten Update: 20.10.2018, 19:20:33

© NIKLAS HALLE'N / AFP

Schonn a 5 Méint ass Groussbritannien net méi Member an der EU. Déi sougenannte “People’s Vote” wëll dat awer net sou einfach akzeptéieren. 

Aus allen Ecker vum Land si Mënschen op London gereest fir haut un enger 2. Grousser Demonstratioun deelzehuelen. 

D’Protestmarsch sollt virum Parlament ophalen. Och de Buergermeeschter Sadiq Khan soll eng Ried gehalen hunn.

Kritiséiert gëtt hei, datt et zu engem eventuelle “No Deal” Zeenario kënnt oder, datt d’Ofkommes net gutt genuch sollt ausfalen.